Forum Zeitung

Dieser Artikel wurde in luxemburgischer Sprache verfasst. Bisher wurde noch keine Übersetzung angefertigt.

Wat ass fir Iech d’Bedeitung vun (nohalteger) Moud?

Fir mech besteet nohalteg Moud aus organesche resp. biologesche Stëfter, wéi Kotteng, Seid, Hanf, Woll a Léngent. Et soll fair produzéiert ginn: vun der Planz bis zum fäerdege Kleedungsstéck, an et soll natierlech gefierft ginn. Déieren a Planze verdénge Respekt, well mir vun hinne wäertvoll matières premières kréien. Alles, wat an engem Kleedungsstéck ze fannen ass, wéi Gar an Einlagen, soll och nohalteg sinn. Upcycling, Kleeder lounen oder tauschen ass fir mech och nohalteg.

Wou huelt Dir Är Inspiratioun hier? Loosst Dir Iech vun internationalen Trends leeden oder schwammt Dir géint de Stroum?

Meng Ëmwelt ass meng Inspiratioun: Natur, Konscht, Architektur, Objeten. Ech fannen déi bescht Iddien, wann ech reesen oder entspanen. Ech sinn gären am Bild, wat international Trends betrëfft, mä ech ginn no menger Intuitioun. Fir meng éischt Kollektioun war meng Inspiratiounsquell Moud vum Zweete Weltkrich fir de Schnëtt an d’drip painting-Technik vum Jackson Pollock. Dat lescht Joer war gepräägt vu „bleift doheem“, Mangel un Toilettëpabéier, Ausgangsspär, Propaganda, Angscht, asw. An dat alles huet mech un e Krich erënnert. Dat huet mir och gewisen, wéi wichteg et fir mech ass, fräi ze sinn, mech unhand vun de Kleeder wéi e Kënschtler auszedrécken. Gezei ass net nëmmen do, fir essentiell Besoine ze befriddege, mee och e Moyen, eng Iddi oder e Message ze iwwermëttelen (c.f. Alexander McQueen, Vivienne Westwood).

Wat ass dat fir e Gefill fir Iech, wann Dir duerch Butteker vu grousse Moudekette wéi H&M a Co. gitt?

Ech gi schonn zanter Laangem net méi a grouss Moudekette Kleeder fir mech kafen. Et gi just véier Geschäfter a Lëtzebuerg an an Iechternach, an deenen ech meng Kleeder kafen: Akabobus, Naturwelten, Naturata a GreenDate. Wann ech fir mäi Bouf Sportskleeder kafe ginn, da sinn ech enttäuscht, well ech weess, dass se net nohalteg sinn. Ech hu, wéinst menger Gesondheet, mech säit menger Jugend fir nohalteg Kleedung interesséiert. Deemools hunn ech domat ugefaangen, ëmmer d’Etikett ze kucken, fir ze wësse, wouhier d’Kleeder kommen an aus wéinegem Material se gemaach sinn. D’Natur gëtt eis alles, wat mir brauchen a mir sollten dankbar sinn, amplaz eis ëmmer méi ze wënschen an ze fuerderen: Nohalteg slow fashion ass fir mech d’Zukunft. Manner ass méi.

D’Anabela Menezes Correia ass zu Diddeleng grouss ginn a schafft als Enseignante am Lycée Technique du Centre, wou si och Bitzcoursen hält. Hir Ausbildung als Dammeschneiderin huet si an der Chambre des métiers zu Lëtzebuerg gemaach. 2021 huet si hir eege Kleedermark „VM“ gegrënnt. „VM“ steet fir „Vivela Moksha“: „Vivela“ ass den Titel vun engem Lidd vum spuenesche Sänger Pablo Alborán a bedeit „lief“ a „Moksha“ kënnt aus dem Hinduismus. Fir si heescht „Vivela Moksha“ lief d’Léift, d’Fräiheet an d’Matgefill. An déi dräi Wäerter fënnt een och an hire Kleedungsstécker erëm. Als Kand wollt si schonn ëmmer Modeschöpfer ginn: Kreéieren a kommunizéiere si fir d’Anabela Menezes Correia liewenswichteg. Leider gëtt de Beruff als Moudendesigner hirer Meenung no a Lëtzebuerg net genuch geschätzt.

Quell: (2021, November/Dezember). 3 Fragen an …. forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. Nr. 422 (November/Dezember 2021). Blatt, 24.